SPECIAL GUEST: TALI - ESC 2024

·

SPECIAL GUEST: TALI - ESC 2024 ·

Culture Forest Festival
18. Mee 2024 - Doors: 17:00

Parc Clair-Chêne
Esch-sur-Alzette

 

Join the crowd
Feel the vibe
Enjoy the food.

Culture Forest Festival ass en 1 Dages-Museksfestival am Süde vu Lëtzebuerg, fir méi präzis ze sinn, am Häerz vum bekannte Park Clair-Chêne zu Esch-Uelzecht. Iech erwaarde flott Concerte mat lokale Bands vu verschidde Genrë wéi Rock, Pop, Indie, RnB a villem méi!

Samschdes
18 mee

Maz Univerze


CHAiLD


Special Guest: Tali


Josh Island


Oke


Joel Marques


Mallows

Past editions

Culture Forest 2023

Sechs top Bands hunn d’Bün gerockt, all mat engem eenzegaartege Flair.

Culture Forest 2022

13 Bands goufen invitéiert an hu vir super Vibes gesuergt.

Culture Forest 2021

Trotz Sécherheetsmoossnamen hu mir e flotte Festival op d’Bee gestallt.

Aftermovie 2023

Déi véiert Editioun wäert wéi déi vun de leschte Joren erëm villverspriechend sinn. Als Virgeschmaach kënnt Dir Iech den Aftermovie vum leschte Joer nach eng Kéier ukucken!

Loscht eppes ze knabberen? Food trucks a Gedrénks Fannt dir sur Place.

Wéi kommt dir am einfachsten op de Festival

Festival Entrée « Rue Sidney Thomas »

Fir mam Bus op de Festival ze kommen, kënnt Dir folgend Verbindungen huelen:

  • Stop (1) Auszéibréck (1 min. ze Fouss)
    Bus Line: 4 – Dudelange – Schifflange – Esch-Sur-Alzette

  • Stop (2) BD Pierre Krier (4 min. ze Fouss)
    Bus Line: 1 – Lamadelaine – Pétange - Esch-Sur-Alzette
    Bus Line: 15 - Clemency – Bascharage - Esch-Sur-Alzette

  • Stop (3) Cité Jos Brebsom (7 min. ze Fouss)
    Bus Line: 604 - Luxembourg Centre – Esch-Sur-Alzette - Villerupt
    Bus Line: 650 - Bettembourg – Esch-Sur-Alzette – Belvaux

  • Stop (4) Place Benelux (7 min. ze Fouss)
    Bus Line: 2 – Differdange – Soleuvre – Esch-Sur-Alzette
    Bus Line: 13 – Rodange – Sanem – Esch-Sur-Alzette

Fir den detailléierte Busplang, gitt w.e.g op: www.mobiliteit.lu 

D’Zich kommen op der Escher Gare un, vun do aus sinn et ongeféier 2,5 km bis bei de Festival. Bei der Gare kënnt Dir de Tice Bus N° 1 oder N° 4 huele fir op de Festival ze kommen.

Klickt op d’Kaart fir d’Direktiounen (Google Maps) ze gesinn.

Wann dir mam Auto kommt - fannt an eisen FAQ'en d’Infoe vun de Parkingen an der Ëmgéigend.